Jiddereen benotzt reegelméisseg d’Errënnerungsfunktioun vun sengem Handy, an dréit och gäer déi eng oder aaner Saach an sengem Kalenner an.

Fir Twitter-User gët et mëttlerweil en interessanten Service: tweetmind.me. Dëst ass eng Erënnerungsfuntioun iwwer Twitter. Op dëm Site gët een einfach seng Donnéen un, dréit an um wéivill Auer een un waat erennert well gin, an speichert. Conditioun ass natirlech dass een tweetmind_me op Twitter followed.

Unsëch en super Service, deen och funktionéiert. Eenzegen (an och groussen Nodeel) ass dass een seng Tweets net permanent liest. Um Site kéint nach en Login per Twitter implementéiert gin, duerch daat einfacht ugin vum Benotzernumm ass et net schwéier, een Benotzer deen tweetmind_me followed ze spammen…